D’Schierener Bullemettien haten Samschdes den 19. Oktober op hiren 7ten Tournoi fir Lizenz an Fräizäitspiller agelueden. Den Dag drop Sonndes den 20. Oktober, war fir déi éischten Kéier en Tournoi nëmmen fir Freizeitspiller virgesinn.
Obschonns d’Wiederkonditiounen net gutt waren hunn sech um éischten Dag mueres um 9:00 Auer 32 Ekippen zu Schieren bei den Foussballterrainen afonnt.Et huet den ganzen Dag liicht bis vill gereent. Et war gewosst dat déi Schierener Petanquesspiller iwwert keng Hal oder iwwerdeckten Terrainen verfügen an esou huet sech schonns op verschiddenen Pisten Reewaasser gesammelt. Dat schlecht Wieder huet awer keng Ekipp dovun ofgehalen unzetrieden, . No enger gudder Taass Kaffi an engem Croissant sinn moies 2 Manchen gespillt ginn. No der Mëttespaus no engem gudden Maufel, an gedreschenten Kleeder sinn déi lescht 2 Manchen gespillt ginn. Um 17:00 Auer stoungen Gewënner fest an esou konnten Präisser am Clublokal vum Tennis entgéint geholl ginn.
Sonndes fir den Loisirstournoi stoungen 40 Ekippen bereet, mee des Kéier woren d‘ Wiederkonditiounen miserabel. Et huet ewéi aus Eemeren geschott an d‘Terrainen hunn engem Weier geglach, un Boulespillen wor net ze denken. Den Organisateuren ass näischt aneschters iwwreg bliwwen wéi den Tournoi ofzeblosen. E groussen Deel vun den Spiller, eng gutt 50 Leit hunn sech dunn awer net decouragéieren gelooss an hunn sech am Clubsall vum Tennis zesummen fonnt. Bei engem waarmen Kaffi oder engem gudden Humpen hunn déi eng gepotert an déi aner Kaart gespillt. D‘Bullemettien hunn iwwert Mëttesstonn jiddwerengem deen dobliwwen ass e gratis Balkangrillteller mat Fritten offréiert. An nodeems d‘Iddi opkomm ass dat een sech jo nächsten Sonndeg nach eng Kéier kéint gesinn, fir dann ënner besseren Wiederkonditiounen Petanque ze spillen, ass deen Dag geselleg op en Enn gaangen.
Pauly Romain