Viru 50 Joer sin d'Fraen a Mammen vu Schieren gegrënnt gin


Dese ronne Geburtsdag ass bei der ACFL -Sektioun gebührend gefeiert gin

Schieren: Als Optakt vun de Feierlichkeeten – 50 Joer Fraen a Mammen Schieren- huet den Aumônier Romain Richer an der Kierch vu Schieren e feierlichen Gottesdingst fir all liewend a verstuerwend Memberen, zelebréiert. Beim uschléissenden Apéritif am Festsaal ass d‘Presidentin Henriette Mathias no hiren Wëllkommensgréiss kurz op d’Geschicht vun dem Schierener Dammeveräin verbonnen mat enger Gedenkminut, agaangen, wou viru 50 Joer den Här Paschtouer Robert Wiwinius zesummen mat e puer Dammen di flott Initiativ ergraf huet, fir zu Schieren eng Sektioun Fraen a Mammen ze grënnen. Doufir waren se Alleguerten frou, d’Madame Marie – Louise Berwick als Grënnungsmember mat e puer Blummen ze begréissen. Den éischte Komitee huet deemols aus folgenden Grënnungsmemberen bestanen: Léonie Gengler (Presidentin ); Eugénie Petry (Vizepresidentin ); Memberen waren: Léonie Ley, Ketty Klein, Marichen Bartholmé, Marie- Louise Berwick, Marechen Flammang an den Här Robert Wiwinius. Presidentinnen an denen dorps folgende Joeren waren: Léonie Gengler, Marichen Bartholmé, Cécile Feinen (ff) a Margot Meisch. Zënter 1999 gin d’Fraen a Mammen vu Schieren vun der Presidentin Henriette Mathias- Lutgen un der Spëtzt, geleet. Lues a Lues huet sech de Veräin vu Schieren zu engem feste Bestanddeel an der Duerfgemeinschaft entwëckelt. Am Joer 1970 huet alles ugefaangen mat verschidden Versammlungen a Geld gouf verdingt mat der Organisatioun vun engem Basar op Pällemsonndeg mat Handarbechten, Kaffi a Kuch an enger Tombola. Eng Agape um Owend huet natirlich och derzou gehéiert an domader ville Leit ee puer schéi Stonnen garantéiert. Mat berechtigtem Stolz huet d’Presidentin ënnerstrach, dat Fraen a Mammen vu Schiren säit 1970 bis haut di schéin Zomm vun 266 393 Euro oder ronn 11 Miliounen L. Frang fir gudd Zwecker gespend huet. Duefir e grousse Merci un all Komiteesleit, Memberen an der Gemeng fir hire Bäistand an Ënnerstëtzung an all dene vergaangene Joeren. Mat Respekt an Unerkennung huet ACFL- Nationalpresidentin Linda Hartmann de Schierener Fraen a Mammen mat hirer langjähriger Presidentin un der Spëtzt, di allerbëschten Gléckwënsch iwerbruecht, déi mat Energie an Ausdauer an hiren villen Aktivitéiten a Spenden eng wonnerbar Arbecht geleescht hun. Am Numm vun de Nôpeschsektiounen huet d'Félicie Renckens dem Jubilarveräin hir bäschte Gléckwënsch iwerbruecht an op eng weider gudd Zesummenarbecht higewissen. Beim Schlusswuert huet de Buergermeeschter Eric Thill un dat flott Zesummesin trotz enger schwieriger Zäit higewiesen an 50 Joer Engagement am Benevolat mat Respekt, Solidaritéit a Merci erviergestrach. E flotten Nomëtteg huet bei engem gudden Stéck Geburtsdagskuch an enger Taass Kaaffi en onvergiesslichen Ofschloss, fond. (CR (Foto: Charles Reiser)