Asphaltanlag um Monkeler: Öffentlech Unhéierung

De Moien war am Kader fun der Commodosprozedur betreffend de Bau fun der Asphaltanlag um Monkeler déi öffentlech Unhéirung. Onge4 25 Lait waren trotz Vakanzenzait an trotz Arbechtszait present. Den Emweltberoder fun der Gemeng huet gut Explicatiounen gin an Reklamatiounen fun de Lait gouffen opgeholl.

Och de Buergermeeschter an sein éischten Scheffen waren zaitweis derbei. De Buergermeeschter huet versprach een négativen Avis un den MDDI (Ministeren Wiseler a Schank) ze schecken.

Bleiwt de Moment also nemmen ze hoffen dass den MDDI Reklamatiounen considiréiert, Wensch fun den Schefflenger respektéiert an sech dem Avis fum Schefferot uschleisst fir dass déi Anlag do nett gebaut gett.