Schëffleng.
D’Meedercher an d’Jongen vum Joergang 1955/1956 hu sech viru kuerzem getraff fir hiren 12. Konveniat. Dofir hun si sech Rendez-vous gin, zu Péiteng am Restaurant WAX, wou si alleguer e gemittlechen Metteg verbruecht hun, bei engem excellenten Iessen an engem gudde Patt.
Organiséiert war dat Ganzt vum M-Josée Schmitz, Lydie Johanns a Gaby Braun.
Et ass decidéiert gin dass dee nächsten Konveniat an engem Joer em déi selwecht Zäit soll sin, an hoffentlech si mir erem all gesond a monter dobei, och all déi wou des Kéier verhennert waren.