Bëschfest um Schiltzbierg

Haut wor bei dréchenem Wieder, Bëschfest um Schiltzbierg, am Bësch op der Grenz vun den zwou Gemengen Jonglënster a Fëschbech. Op dëser Plaatz ass nämlech dem Lënster Fierschter säi Bureau am Stréihaus. Vill gouf gebueden: E Stand mat verschiddenen Déieren aus dem Bësch, Schaffpäerd am Bësch an och ganz modern Maschinnen woren am Asaatz. D'Kanner konnten un engem klenge Rallye deelhuelen an de Kënschtler mat der Motorsee huet een och emol gären nogekuckt. Eng flott Navette op Plaatz wor och virgesinn, nämlech mat der Päerdskutsch. Um 17 Auer as dunn nach eng Kouert Holz fir en gudden Zweck versteet ginn. E Matbierger aus der Fëschber Gemeng huet Kouert fir 220€ gesteet. Dës Suen sinn fir Fleegestatioun fir wëll Déieren vun Diddeleng.