"Anendag" am Dienstag


De Porverband Kiischpelt an d’Parleit vu Schlënnermanecht invitéieren op Anendag Daasdes, de 26. Juli, mat der Fousswallfahrt op Schlënnermanecht.

Programm: Départ ëm 8 Auer zu Kautebaach bei der Kierch. Rendez-vous ëm 9 Auer um Fridbësch (beim Bauerenhaff) fir déi, déi net esou gutt zu Fouss sinn. Do kann een den Auto parken an da geet et weider zu Fouss op Schlënnermanescht. Feierlich konzelebréiert Pilgermass op Anendag ëm 10 Auer an der Porkierch zu Schlënnermanescht. Festpriedeger ass den Abbé Paul Muller, Paschtouer am Parverband St. Pirmin.

No der Mass geet et zou Fouss bis op Giewelsmillen a mam Zuch vun 11.38 Auer nees zréck op Kautebaach.