De Martin Meyers huet säin 90. Gebuertsdag gefeiert


Den 18. Abrëll 1920 gouf de Martin Meyers zu Schlënnermanescht gebuer an huet hei de Baurebetrib vu sengen Elteren iwwerholl. De 17. August 1950 gouf hie mam Agnes Bauer bestuet a si hunn dräi Kanner kritt. Nieft sengem Beruff huet de Jubilar sech nom Krich fir d'Gemengepolitik intresséiert an huet tatkräfteg gehollef no der Ardennenoffensif säin Duerf an déi ganz Gemeng rëm opzebauen. Vun 1948 bis 1975 war hien als Conselljee an zäitweis och als Schäffen an der Gemeng Buurschent engagéiert. Bei Geleeënheet vu sengem 90. Gebuertsdag hat hie seng Famill an de Restaurant St-Fiacre op Buurschent invitéiert, fir zesummen bei engem gudde Maufel de ronne Gebuertsdag ze feieren. D'Buergermeestesch Annie Nickels-Theis, d'Schäffen Alice Peters-Lucas an Raymond Junker an de Conselljee Marcel Agnes hunn dem Martin Meyers déi allerbeschte Gléckwënsch vun der Gemeng iwwerbruecht an him ee Kado iwwerreecht, mat dem Wonsch, datt de Jubilar nach vill gesond a glécklech Joeren a sengem Heemechtshaus zu Schlënnermanescht am Krees vu senger Famill ka verbréngen.