Aweiung vum GIANT V5003

Just virun Ouschteren hat de Schäffen- a Gemengerot aus der Gemeng Fëschbech hire ganze Staff ob Schous invitéiert, fir ob eng nei Aarbechtsmaschinn unzestoussen. De Buergermeeschter Fränk Daems huet an senger Ried de Besoin vun dëser Maschinn ervirgestrach.

Eis Gemeng ass an deene leschten Joren ëmmer nees gewuess, an d’Ufuerderungen vun eiser Gesellschaft an dem Staat sinn ëmmer méi grouss ginn. Dofir hunn d‘Gemengeresponsabel decidéiert dës multifunktionell Maschinn ze kafen. Den Giant kann streeën a Schnéi raumen, kieren a Material deplacéieren, genee dat richteg wann et ëm Zäiterspuernis an Aarbechtserliichterung beim Personal geet.

Uschléissend um Buergermeeschter seng Ried, huet de Bob Weiler vum Verband dem Viraarbechter Laurent Degraux de Schlëssel vum Giant V5003 iwwerreecht.