Dest Joer hun d'Wiichtelcher vu Schous eng aal Traditioun erem opliewen geloss. An 2 groussen Kofferkesselen gouf desen Sonndeg Quetschekraut wéi fréier gekacht. Moies um 6 Auer gouf d'Feier ennert den Kesslen ugefang, an d'Quetschen dragetippt. E Kessel gouf de ganzen Dag iwer ofwiesselnd vun Hand gerouert.
Um 4 Auer am Nomëtteg goufen dunn déi éischt Glieser agefëllt, déi d'Leit dunn konnten kaafe kommen an dernieft kruten sie engt gudd Steck selwergebaaken Quetschentaart mat Klappschmand an enger Taas Kaffi oder e gudden Humpen an eng Quetschendrëpp zervéiert.
Schon e Freideg waren eng ganz Reih Leit dem Opruff vum Comité nokomm an sinn mat Quetschen raafen gangen a Samsdesmëttes waren et iwer 25 Wichtelcherinnen a Wiichtelcher, déi sech afonnt hun fir iwer e puer Stonnen all déi Quetschen opzemachen.
Sou goufen knapp 30 Siechter (1 Siechter sinn 20 Liter) Quetschen geraaf a mat der Hand opgemach.
Een decken Merci geht vum Comité un all déi Leit, déi gehollef hun oder soss op iergend eng Manéier derzou bäigedroen hun dest Fest ze erméiglechen, ganz besonnech Merci dem Propriétaire vum Bongert, dem Jang fir den Motor, dem Ren fir d'Etiketten, dem Abbes fir d'Flyeren an de Panneau an deenen, déi de ganzen Weekend hiergin hun an duergehaal hun bis erem alles op senger Plaaz stoung.
Wann Dir eist Quetschekraut wellt schmachen, DIr kritt es nach ze kaafen, fir 4,50 € d'Glas, sou lang wéi mer es nach hunn. Mellt Iech einfach um 691 649 271. Ab 4 Glieser liweren mir Iech et och heem (sou lang et an der Géigend ass).
Den Erléis vun eisem Quetschekraut geht an d'Caisse vun eisen Wiichtelcher, e Veräin deen sech derfir asetzt fir sou aal Traditiounen um Duerf ze erhaalen an dernieft och emmer erem flott Aktivitéiten organiséiert fir all eis nei Awunner a Matbierger an eist Duerf- a Veräinsliewen ze integréieren.