Meekranz bei den Wiichtelcher

Wéi all Joer hun sech d´Wiichtelcher vu Schous beim Veräinshaus getraff, an sech zesummen op de Wee an de Besch gemach, fir do ee Meekranz ze bannen.
Desen gouf dann beim Veräinshaus opgehangen an mir hun zesummen den Dag bei Gegrills, Zaloten an engem gudden Patt ausklengen geloss.

D´Wiichtelcher sin e Veräin, den no der Fusioun vun eisen 3 Pompjeescorps´en vun deenen eenzelnen Dierfer (Fëschbech, Schous, Angelsbierg) aus der Gemeng entstangen ass, mam Ziel déi aal Traditiounsfester zu Schous (Buergbrennen, Meekranz, Quetschekraut kachen...) weiderliewen ze lossen.

Eng vun eisen wichtegsten Prioritéiten ass et awer och, déi fréier, heiteg an virun allem déi nei Awunner aus eisem Dierfchen zesummenzebrengen an an eis Duerfgemeinschaft ze intégréieren.