Naturmolerei

Dëse Weekend konnten d’Natur-an Ëmweltkommissioun zesummen mat der Kultur- a Veräinskommissioun aus der Gemeng Fëschbech, 5 Kënschtler zu Schous ob der Héicht begréissen. D’Marie-Elise aus der Belsch, den Wladimir Bjesowski aus Russland, esou wéi den Emil Antony, de Christophe Poissonnier, an den Marco Weiten aus Lëtzebuerg, hunn hir Biller zum Thema Natur ausgestallt. De Buergermeeschter Fränk Daems huet e Freiden um Vernissage déi eenzel Kënschtler virgestallt an am laf vum Weekend hat een d’Méiglechkeet d‘Wierker vun de Kënschtler ze bewonneren an ze kafen.