Chaosorchester feiert seng Première um Fréijorsconcert

01
Apr
2026

Schuller. E Sonndeg, den 22. Mäerz huet d’Musek Gemeng Dippech hiren traditionelle Fréijorsconcert ënnert der Direktioun vum Didier Wein gespillt. Si huet dëst Joer zu Gonschte vun der Fondation Sarah Grond gespillt, enger Fondatioun déi et sech zum Ziel gemaach huet Famillen a Kanner a Nout ze hëllefen. Anescht wéi déi lescht Jore gouf dëse Concert awer net wéi soss am Musekssall gespillt, mee am nach relativ neie Kulturhaus “Pontebier”. Dëst war awer net déi eenzeg Erneierung. Och de neigegrënnte Chaosorchester, ënnert der Leedung vum Raoul Wilhelm, huet deen Dag seng Première gefeiert.

De Chaosorchester gouf gegrënnt fir deene Leit, egal ob jonk oder al, déi nach net laang oder säit laangem nees en Instrument spillen, en angeneeme Start an d’Spillen an engem Orchester ze erméiglechen. Am Chaosorchester spillen all méiglech Instrumenter zesummen, egal op Bléiser, Sträicher, Perkussioun, Säiten oder Tasten, all Instrument ass wëllkomm. Bei de Nolauschterer schéngt dës nei Iddi gutt ukomm ze sinn.

Och d’Musek Gemeng Dippech wosst mat sengem flotte Programm säi Publikum ze begeeschteren. Um Enn vum Concert konnten déi Verantwortlech vun der Musek dem Präsident vun der Fondatioun déi generéis Zomm vun 1.100€ iwwerreechen.