Schuller – De Weekend huet d’Musek Gemeng Dippech sech mat engem räiche Programm um traditionelle Chrëschtmaart zu Schuller presentéiert. Iwwer dräi Deeg war d’Veräinsliewe voll am Asaz, an d’Musikanten hu mat vill Engagement fir gutt Stëmmung gesuergt.
Schonns Freides hat d’Musek hiren eegene Stand opgemaach, wou si de Visiteure frësch preparéiert Pizzaen ugebueden huet. De ganze Weekend iwwer goufen iwwer 200 Pizzae verkaaft – e groussen Erfolleg, deen de gudde Choix an den héijen Asaz vun de Benevollen ënnersträicht. De Stand war och Samschdes a Sonndes eng beléifte Statioun fir d’Gäscht um Chrëschtmaart.
Den Highlight vum Samschdeg war d’Begleedung vum Kleeschen, dee mat der Kutsch duerch d'Stroosse vu Schuller gefouert ginn ass a vu ville Kanner a Famillje bei der Gemeng erwaart gouf. D’Musek huet dëse festleche Cortège musikalesch ënnerstrach an domat fir eng wonnerschéin Adventsstëmmung gesuergt. Am Uschloss hunn d’Musikanten och nach am Musekssall fir d’Kanner gespillt, déi hir Titche vum Kleeschen iwwerreecht kruten.
Den Ofschloss vum musikaleschen Engagement koum Sonndes mam Concert Apero um Chrëschtmaart. Mat engem ofwiesslungsräiche Programm huet d’Musek Gemeng Dippech d'Visiteuren nach eng Kéier begeeschtert an e gelongene musikaleschen Akzent gesat.
D’Veräinsmemberen zéien e ganz positive Bilan: vill Besuch, gutt Stëmmung an eng staark Präsenz am Duerfliewen – genee esou, wéi et an d’Adventszäit passt.