Ouschtereeërverkaf vun der Musek Gemeng Dippech

Schuller - Nodeems d’Musek Gemeng Dippech dat läscht Joer fir d’éischte Kéier seng Ouschtereeëraktioun mat groussem Succès fir den Télévie organiséiert hat, huet d’Musek och dëst Joer dës Aktioun nees duerchgefouert. 540 Eeër si gekacht a gefierft ginn an ob Virbestellung den 3. a 4. Abrëll verkaaft ginn. E grousse Merci geet un “Eist Ee (Sprénkeng)” fir d’Ënnerstëtzung, de Comité an d’Musikant(inn)e fir d’Mataarbecht a virun Allem un d’Leit aus der Gemeng déi bei dëser Aktioun matgemaach hunn.