“Celebration” – e gelongene Concert vun der Big Band Memory an Opus 78

D’Big Band Memory, déi de 14. Abrëll 2000 gegrënnt gouf, hat ob säi Gebuertsdagsconcert invitéiert, dee Samschdes, den 18. Abrëll am Kulturhaus Pontebier zu Schuller ofgehale ginn ass.

De "Concert Celebration" war e gelongenen Owend mat Big Band Musek vum Feinsten gespillt vun der Big Band Memory an der Big Band Opus 78. D'Frënn vun der Big Band Musek si voll ob hir Käschte komm. Déi 2 Big Banden hunn eng breet Pallette vu verschiddenen Genrë presentéiert, souwuel mat Solo-Einlage wéi mat Gesang. Déi ganz gelongen Improvisatioune vun de Solisten hunn dann och all Kéier spontan hiren Applaus vum Publikum kritt.

D'BBM hat dann och en Highlight ob hirem Programm, d'Uropféierung vum Stéck "Sputnik on Tour", komponéiert vum Pierre Kremer - e Solowierk fir Bügel a Big Band, gespillt vum Gilbert Asselborn. Dëst Wierk huet de Pierre Kremer der Big Band Memory geschenkt als Erënnerung un hier Musikantin Claudine Duschinger, wat 2025 verstuerwen ass. Bei där Geleeënheet hu mer och un eis aner verstuerwe Memberen geduecht, déi eis leider och vill ze fréi verlooss hunn, et sinn dat d’Danielle Biwer-Bové, de René Lelong an de Remo Bruzzese.

Déi di virun der Zäit do waren konnten sech d’Zäit mat enger Video-Show verdreiwen, déi di vergaange 25 Joer a Biller gewisen huet.

De Concert konnt realiséiert gi mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg, dem Kulturministère an der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA). Fir déi lokal Organisatioun an de Catering um Concert war d’Musek Gemeng Dippech zoustänneg.

Merci un d'Big Band Opus 78 fir déi flott Zesummenaarbecht a fir den originelle Kaddo.
Merci allen Acteuren déi un dem Concert bedeelegt waren an zu engem flotten Owend bäigedroen hunn.

Weitere Neuigkeiten von Raoul Wilhelm >