Aussergewéinlechen Ouschter-Asaz fir d'Pompjeeën zu Schraasseg

Um Sonndeg Mëtteg goufen d'Pompjeeën geint 16:30 Auer op Schraasseg geruff, fir eng Elster aus engem Kamäin ze retten.

De Proprietaire vum Haus war schonn 10 Deeg net méi am Land a wéi hien Heem koum, huet hie komesch Geräischer aus dem Kamäin héieren. Doropshin huet hien dunn d'Pompjeeën geruff.
Op der Plaz hu se dunn 1 Elster vu 4 konnten retten. Se hat ee Flillek gebrach a gouf dunn vum Groupe d'Intervention Veterinaire matgeholl fir se nees fit ze maachen.
Op der Plaz waren Pompjeeën vum "CI Niederanven - Schuttrange" mat 10 Mann an 3 Gefirer.