Brand an der Wäscherei vum Prisong - d'Biller

Op Ouschtersamschdeg géint 16 Auer gouf an der Wäscherei vum Prisong Feieralarm ausgeléist. Et ass awer kengem Mënsch eppes geschitt. Ursaach nach onkloer.

An 2 Container mat Wäsch dra war et zu engem Sickerbrand komm.
Zum Zäitpunkt vum Feier ware keng Leit an den Halen, et ass also och keen zu Schued komm.
D'Pompjeeë vum "CI Niederanven-Schuttrange", vu Sandweiler an't Beruffspompjeeën waren, esou d'Police, awer séier op der Plaz an hunn d'Container aus dem Gebai bruecht.
Déi genee Ursaach, esou d'Police an engem Statement um Samschdegowend, misst awer nach gekläert ginn. De Parquet huet d'Police technique op d'Plaz bestallt.