Chrëschtdagsstëmmung am Syrdall mat Chouergesang

Als Optakt zum éischte Chrëschtmaart zu Schëtter, organiséiert vum Club des Jeunes Schëtter zesumme mat de Schëtter Veräiner, huet de Schëtter Gesank – Chorale Schuttrange, e Freideg den owend an d’Schëtter Kierch op säin traditionnelle Chrëschtconcert invitéiert.


" Chrëschtdag am Syrdall " , en Owend mat schéine Chrëschtlidder aus aller Welt , gouf présentéiert vum SCHËTTER GESANK – CHORALE SCHUTTRANGE, ënnert der Direktioun vum Marianne Hengel an der CHORALE MIXTE STE CECILE MENSDORF, ënnert der Direktioun vum Nathalie Laurent.


Déi zwee Chéier, begleet op der Uergel vum Jerry Dahm , hu bekannt a manner bekannt Chrëschtlidder „Et schaalt e Lidd „ vu Jos Biwer an Hélène Fournelle an “Erwächt, stitt op“ vu Laurent Drees a Mathias Feider, esou wéi Chrëschtlidder aus aller Welt … In dulci jubilo … Noël, c’est l’amour … Hoe leit dit kindeke … Maria durch ein Dornwald ging … Noël autrichien … El noi de la mare … Marche des Rois … Ich steh an deiner Krippen hier … Eh! Mon Dieu, la belle chose …


Zum Schluss vun deem gelongene Chrëschtconcert hun déi zwee Chéier zesummen „ Christmas lullaby “ vum John RUTTER a „ Stëll ass d’Nuecht “ vum Franz Gruber mam lëtzebuerger Text vum Jang Thill gesongen.