A Präsenz vum Innenminister Jean-Marie Halsdorf, gouf op Invitatioun vum Bauhär a Reméicher Buergermeeschter Henri Kox, esou wéi dem "Haushär" a Welleschter Buergermeeschter France Hemmen di nei Pompstatioun "Düker" zu Schwéidsbéng ageweiht.
Di 3 Gemengen Réimech, Welleschten a Schengen hun virun Joeren beschloss fir zesummen mam "Entsorgungsverband Saar (EVS) eng Ofwaasserkläranlag zu Perl-Besch ze bauen.
D'Ofwaasser aus den 3 Gemengen gëtt mat Hëllef vu 5 Zwëschepompstatiounen op Schwéidsbeng bruecht, an do dann mat engem "Moseldüker" ënnert der Musel erduerch op die däitsch Saït gepompelt.
Di ganz Anlag huet 1,3 Milliounen Euro kascht, de Uschloss vun der Uertschaft Schwéidsbéng knapp 900.000 Euro an den Uschloss vum Camping a Bootshafen iwwer eng Vakuumanlag nach eng Kéier ronn 100.000 Euro.
Souwuel d'Buergermeeschter wéi och den Inneminister hu gemengt fir Zukunft - niewt der Partnerschaft mam EVS - och nei Synergien mam Ofwaassersyndikat SIDEST ze sichen.
Insgesamt wënscht sech de Jean-Marie Halsdorf eng méi staark regional a souguer international Zesummenaarbecht wat d'Waasserpolitik betrëfft, an dat bei Drénkwaasser, Ofwaasser an Héichwaasser.