Ausfluch vum Gaart an Heem Senningerbierg op Ludwigsburg

De Gaart an Heem Senningerbierg huet en zweedaages Ausfluch ob die greissten
Kürbisausstellung vun der Welt op Ludwigsburg gemaach. Den éischten Daag hu mir
d'Résidenzschlass wat zwëschen 1704 an 1733 ënnert der Herrschaft vum
Herzog Eberhard Ludwig von Württemberg am Stil Barock erbaut gin ass, an
eng vun denen gréissten barocke Schlassanlagen an Deitschland ass besicht, duerno hu mir eng historesch Stadtrundfahrt gemaach. Den zweeten Daag hu mir eis bei
sonnegem Hierschtwieder dei flott Kürbisausstellung ronderem d'Schlaass
ugekuckt. Mir waren all begeeschtert wat se do vun Kürbissen obgebaut hun.