1.Editioun vum Repair Café zu Stengefort

Volle Succès hat déi éischten Editioun vum Repair-Café , organiséiert vun der Gemeng zesumme mam Biergergrupp Ekonomie Circulaire vu Stengefort a CELL asbl, de leschte Samschden an der Aler Schmelz zu Stengefort. Nieft de villen Elektrogeräter goufen och Kleeder gefléckt, Messere geschlaff a Vëloe rëm zum Rulle bruecht.


Merci u CELL an eiser Biergergrupp Ekonomie Circulaire fir d’Ënnerstëtzung bei der Organisatioun an der Duerchféierung. E risege Merci un all den Hänn déi fläisseg gehollef a gefléckt hunn an déi bei méi ewéi engem en zefridde Schmunzelen op d’Gesiicht gezaubert hunn. Natierlech war net méi alles ze flécken, mee mat +-60% leie mir an enger gudder Moyenne. Merci och un eis Visiteuren, datt si sech Zäit geholl an doduerch e groussen Deel zum Schutz vun eisen natierleche Ressourcë bäigedroen hunn.


Déi nächst Editioun wäert och net laang op sech waarde loossen.


Wann Dir dorun interesséiert sidd, selwer eemol als Réparateur.rice dobäi ze sinn, da mellt Iech gären iwwer accueil@steinfort.lu oder per 39 93 13 1.