Fir en Europa mat oppene Grenzen

Europa huet dat zesummebruecht, wat zesumme gehéiert. Europa, dat ass en Zesummeschaffen an en Zesummeliewen. A kee soll d’Recht hunn, d’Leit an hir Liewensgewunnechten duerch Grenzen ze blockéieren.


Europa, dat sinn Honnerte vu gemeinsamen Aktiounen a Projeten, déi op kommunalem, lokalem a regionalem Plang ëmgesat ginn. Europa, dat si Frëndschaften a Partnerschaften, déi wäit iwwert d’Grenze vun de jeeweilege Länner erausginn. Firwat soll all dat elo beim Kampf géint d’Verbreede vun engem Virus ausser Kraaft an domadder op d’Spill gesat ginn?


Reesen ouni Grenzkontrollen. Sech sécher fillen an een deem anere vertrauen. Europäer ze sinn, bedeit zënter 75 Joer, ouni Krich kënnen ze liewen. Mat ville Fräiheeten, Garantien a Rechter. All dat baséiert op wirtschaftlecher a politescher Stabilitéit. An op der Solidaritéit ënnerteneen. Wéi dat elo zënter Joerzéngten Usus ass ënner gudden Noperen.


Europa ass awer virun allem och en Europa vun de Bierger. Onofhängeg dovunner, ob si déi eng Säit oder déi aner Säit vun de Landesgrenze liewen. Europa ass och en Europa vun de Gemengen a vun de Stied. Well et ass do, wou d’Leit doheem sinn a liewen.
Duerfir och dëse Message vun de Lëtzebuerger Gemengen a Stied zesumme mat hirem Daachverband, dem SYVICOL.


Europa soll bleiwen, wat et ass. Eng staark Unioun!


Déi Unioun gëtt, wéi vill aner Liewensgemeinschafte weltwäit, de Moment vun engem Virus op d’Prouf gestallt, mee duerfir brécht se elo awer net auserneen. Well duerfir sinn all déi Verbindungen ze staark an d’Solidaritéit ze grouss.


Haut op dësem 9. Mee 2020, dem Europadag, genau 70 Joer nom Robert Schuman senger Deklaratioun, halen d’Lëtzebuerger Gemengen zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch a Frankräich den europäesche Gedanke ganz héich.


An och aus Stolz op eng Liewensgemeinschaft, déi esou vill ze bidden huet.
Duerfir: Fir en Europa mat oppene Grenzen. D’Bierger vum ale Kontinent kennen a wëlle keen anert Europa!


Mat engem staarke Message a mat engem symbolesche Geste gouf um Europadag moies um 10:30 Auer an der Gäichel den Europäesche Fändel vum Buergermeeschter vun Habscht Serge Hoffmann, vum Buergermeeschter vun Arel Vincent Magnus a vum Stengeforter Buergermeeschter Guy Pettinger gemeinsam eropgezunn.


Och hei zu Stengefort virum Gemengenhaus huet de Stengeforter Schäfferot a Presenz vum Gemengerot de selweschten Dag um 11 Auer den Europafändel symbolesch eropgezunn.