Kierzlech hat d‘Equipe “Adventsfest” vu Grass, Hoen, Klengbetten a Stengefort zesummen mat de „Fraen a Mammen Hoen-Klengbetten“ op eng Scheckiwwerreechung an de Centre „Al Schmelz“ op Stengefort invitéiert. D’Equipe „Adventsfest“ setzt sech aus engagéierte Fraen a Männer zesummen, déi sech all Joer zesummendinn, fir den 1. Advent en Adventsfest an der Gemeng z’organiséieren.
Wochen a Méint virum Datum an och den Dag selwer ware vill fläisseg Hänn aktiv, fir aus dem Fest e Succès ze maachen.
An hiren Usproochen hunn esouwuel d’Responsabel vum Grupp, d’Gaby Schloesser, wéi och de Schäffe Sammy Wagner drop higewisen, wéi wichteg esou Initiative sinn, fir d’Erhale vun Traditiounen a fir den Zesummenhalt an der Gesellschaft.
De Grupp kuckt all Joer iwwer den eegenen Tellerrand eraus a spent den Erléis vum Fest fir e gudden Zweck.
Dëst Joer war am Virfeld decidéiert ginn, dass d’Fondation Dr. Elvire Engel an d’Multiple sclérose Lëtzebuerg asbl sollten e Scheck kréien.
Um Adventsfest war gutt geschafft ginn an d’Responsabel vun den zwou Organisatioune konnte jeweils e Scheck vun 2.000€ entgéinthuelen.
Béid Organisatiounen hunn sech fir de generéise Geste bedankt an hunn an interessante Bäiträg d’Aarbecht vun hiren Associatioune beschriwwen an erklärt, fir wéi en Zweck déi gespente Gelder wäerte genotzt ginn. Et gouf betount, wéi wichteg et ass, dass gespent gëtt, fir dass um Terrain kënne konkret Aktiounen ëmgesat ginn.
Beim Patt, offréiert vun der Gemeng, ass sech nach weider ausgetosch ginn an et gouf ewell um Adventsfest 2020 geplangt.