Stengeforter Chrëschtmaart 2019

Wäit iwwer d'Grenze vun der Gemeng Stengefort eraus bekannt zitt de Stengeforter Chrëschtmaart, dee vun der Entente vun de Veräiner zesumme mat der Gemeng organiséiert gëtt, Joer fir Joer ëmmer méi Visiteuren un.


Esou war trotz dem ville Reen och déi 18. Editioun vum Chrëschtmaart um Square Patton nees e volle Succès.


An 18 verschiddenen Handwierksstänn konnt een d’Weekender vum 6. – 8. an 13. -15. Dezember 2019 flott Cadeauen fir Chrëschtdag besuergen oder sech selwer beschenken.


Vu Kannergezei a Spillsaachen iwwer (Chrëscht)-Deko bis hin zu lokale Produite wéi Hunneg an esouguer Textilien aus Alpakawoll war fir jiddereen eppes dobäi.

Fir den Honger an Duuscht tëschenduerch war dank 13 weidere Chaleten an deem déi lokal Veräiner vertruede waren och beschtens gesuergt.


Natierlech koum och de musikalesche Programm dank 16 verschiddene Bands a Sänger/innen net ze kuerz. Nieft villen aus de leschte Joere bekannte Museksgruppe wéi den Alphornbléiser, der Fun Brass Band, de Péckvillercher, de Schoulkanner an de lokale Museken hunn dëst Joer Simply 2, The Glass Arrows, d’Hunneg-Strëpp, den Trio BlueNoteHarmo, de Sarah Candle Quartet, de Krystof Krysinsky, Los Figaros, den Duo Karin Melchert & Andreas Hirschmann an d’Patricia Venancio fir Ofwiesslung gesuergt.

En Highlight war sécherlech de Concert “Christmas Carols” vun den Amis du Chant de leschte Sonndeg an enger prall gefëllter Stengeforter Kierch.


En Deel vum Erléis deen erakomm ass, gëtt dëst Joer un d'Fondatioun Kräizbierg & Päerd's Atelier gespent. Den entspriechende Scheck gëtt de 25. Mäerz 2020 am Kader vun enger klenger Feier un déi betreffend Associatiounen iwwerreecht.