Wir vergessen nicht

Als ´Gardien de la Memoire´ sinn di Responsabel vum Policemusée (ww.policemusee.lu) hirem Numm gerecht gi.

Den 21. Abrëll 2023 huet de Musée, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stengefort, eng Commemoratiounsfeier organiséiert, dëst zum 80. Joresdag vum Dout vum Eugène GLODT, jonken Gendaarm vun der Brigade Stengefort.

Virum Haus Nr.36 an der Lëtzebuerstrooss, der fréierer Gendarmerie-Brigade, haten sech di Responsabel vum Policemusée, Buergermeeschter, Schäffen + Gemengeréit, Famill Glodt (Nokommen vum Eugène Glodt), den comdiv Tom Didlinger vun der Policedirektioun Esch/Alzette (als Vertriedung vum DG Philippe Schrantz), den Syndicat d´Initiative, der aktueller Besetzerin vum Haus, e Trompettist vun der Stengeforter Musek an Frënn/Bekannter, afonnt.

No der Begréissung, huet den Präsident vum Policemusée den Historique vun den trageschen Evenementer vum 21. Abrëll 1943 gemaach an huet de Personnage Eugène Glodt virgestallt.

Den Buergermeeschter Sammy Wagner huet an senger Ried d´Leeschtung vun dësem Nationalheld ervirgestrach.

Nodeems dann duerch de Policemusée + Gemeng Blummenarrangementer virun der Plack vum Haus (des Plack ass 1993 um Haus ubruecht gi) néiergeluecht gi sinn, ass eng Gedenkminutt, verbonnen mat der Sonnerie ageluecht gin.

Den Gendarm Eugene Glodt ass den 21. Abrell 1943 durch daitsch Polizisten bei senger Verhaftung weinst angeblicher Spionage/Landesverrat erschoss ginn.

No der Gruppefoto huet Gemeng dann op e klengen Patt agelueden.