Zu Stengefort stoung ënnert dem Motto "Fraen an der Politik"

De Samschden de Moien hat eise Schäfferot op d’Porte ouverte vun der Gemeng agelueden am Kader vun der Journée nationale de l’inscription 2023. 18 Net-Lëtzebuerger Residenten hu vun dëser Geleeënheet profitéiert fir sech sur Place an d’Wielerlëschte fir d’Gemengewalen anzeschreiwen. Bis de 17. Abrëll hunn eis Net Lëtzebuerger.innen nach Zäit sech unzemellen.


Eis interesseiert Matbierger.innen haten och d’Méiglechkeet national a lokal Politikerinnen am Kader vun der „Bibliothéque vivante“ ze begéinen a mat hinnen iwwert hiren Alldag vun enger politescher Karriär als Fra ze poteren. Wärend dem Moie stoungen esou d’Ministeschen Taina Bofferding, Yuriko Backes a Corinne Cahen, d’Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch, Daliah Scholl, Jessie Thill a Myriam Cecchetti grad esou ewéi d‘Manon Bei-Roller - Buergermeeschtesch vun Dippech, d‘Danielle Becker-Bauer vum CNFL, eis Gemengerotsmember Bénédicte Janne an eis Schäffin Marianne Dublin-Felten eise Bierger.innen zur Verfügung. De Speed-Dating mat eise Mandatairinne ware gutt besicht an d’Echangen iwwert d‘Wichtegkeet vu Fraen an der Politik opschlossräich fir déi eng ewéi fir déi aner.


Guidéiert Visitten op verschidde Sprooche vun eisen administrative Servicer hunn de Moien ofgeronnt.


E grousse Merci un all eis Matbewunner.innen déi sech Zäit geholl hunn fir sech informéieren ze kommen, un eis Politikerinnen déi sech de Froe vun eisen Awunner.inne gestallt hunn an all eise Gemengenaarbechter.innen déi un der Organisatioun vun dëser Manifestatioun bedeelegt waren.