Am Kader vun der Journée Internationale des Personnes Âgées hunn de Club Senior Stroossen an d'Commission sociale et du troisième âge den 8.Oktober en Defilé ënnert dem Thema "All Alter ass a Moud" organiséiert. D'Models waren aktiv Membere vum Club Senior a si hunn hei mat vill Freed eng kleng Auswiel vun der Hierschtmoud virgefouert. Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun engem bekannte Moudehaus vu Stroossen sinn 14 Dammen an 1 Här iwwert de rouden Teppech um Catwalk gaangen an hu sportlech a chic Kleedung fir déi verschidden Uläss presentéiert. Den Duerchschnëttsalter vun de Models loung bei 71 Joer. Et kann een also gären festhalen datt och den Alter a Moud ass. Mat vill Charme gouf dëst Evenement vum Sonia Gleis animéiert. Als Ofschloss huet en DJ fir gutt Stëmmung gesuergt an bei Musek vun de 60er bis 80er Joren ass gedanzt ginn.