Aweiung vun de Raimlechkeeten vum Club Senior Stroossen

Den 29.Januar 2019 war zu Stroossen am Centre Barblé eng Feierlechkeet am Kader vun der Aweiung vun de Raimlechkeeten vum Club Senior a Presenz vun der Familljeministesch Corinne Cahen.

Am Joer 2005 huet de Club Senior seng Dieren eng éischte Kéier am Centre Résidentiel Riedgen opgemaach. Well dat Lokal awer net zentral genuch erschéngt huet, fir déi cibléiert Populatioun unzezéien, ass en dunn an de Centre Barblé komm, wou en och nach haut ze fannen ass.

Vill Leit kommen elo schonn an de Club Senior, ënnert anerem op déi vill thematesch a kulturell Visitten an Ausflich an zwee Mol am Mount op de gesellege Mëttesdësch. Wat awer bis ewell aus raimlechen an organisatoreschen Grënn manner de Fall war, war eng Plaz unzebidden wou d’Leit, sech informell treffen a begéine kënnen. Mat der neier Salle de Rencontre ass déi Méiglechkeet elo ginn. A fir dat Ganzt ze lancéieren, ginn an Zukunft eng Rëtsch Aktivitéiten an dem Sënn ugebueden: Diskussiounsronnen, Handaarbecht, liesen, Gesellschaftsspiller a wierkelen fir der just e puer ze nennen.

An hirer Begréissung huet d’Chargée de direction Patricia Petruccioli d’Wichtegkeet ervirgehuewen och a grad am Alter net eleng doheem ze bleiwen an sech seng sozial Kontakter aktiv sichen ze goen. Si huet dem Ministère de la Famille an der Gemeng Stroossen e grousse Merci ausgeschwat fir d‘Ënnerstëtzung beim Ëmsetze vun dësem Projet. Den Här François Gleis, Schäffen vun der Gemeng Stroossen, huet a senger Usprooch d’Entwécklung vun der Gemeng an de Mëttelpunkt gestallt a betount datt nach vill Iddie bestinn fir méi Liewen an den ëffentleche Raum ze bréngen, ënnert anerem mat enger neier Petanque-Piste am Parc Riedgen. An der Schlussried huet d’Familljeministesch ënnerstrach datt déi 20 Club Senioren am Land den ideale Kader bidden fir sech bis an den héijen Alter gesond a fit ze halen mat der richteger Ernierung a Beweegung.

Nodeems de Bändchen duerchgeschnidden an d’Raimlechkeeten domadder offiziell ageweit waren, huet den Här Buergermeeschter Gaston Greiveldinger dem Club Senior vill Erfolleg gewënscht an den Éierewäin offréiert.