D'CSV Sektioun Stroossen seet Merci

De Francis Gleis gouf geéiert


No knapp 29 Joer am Gemengerot, dovunner 8 Joer am Schäfferot, ass den CSV Gemengeconseiller Francis Gleis a seng wuelverdéngte politesch Pensioun gaangen.


Op hirem traditionellen Ofschlossiessen huet d’CSV Sektioun Stroossen dem Francis Merci gesot fir säi laangjähregt Engagement, seng Disponibilitéit a säin onermiddlechen Asaz fir déi Stroossener Bierger, virun allem am soziale Beräich.


Bei dëser Geleeënheet huet d’Sektioun och dem Anne Arend, der neier CSV Gemengeconseillère, felicitéiert an hir eng glécklech Hand a vill Courage gewënscht an hirer neier Funktioun an der Gemengepolitik ënnert dem CSV Buergermeeschter Nico Pundel.