GENERÉISEN DON Second-Hand-Grupp ënnerstëtzt d'Ukraine


Stroossen. Viru kuerzem sinn d'Félicie Kensing-Boentges,d'Renée Braun-Schreiber an d'Michèle Schannes-Gnad dem Opruff " Réchauffons le coeur " vum ukraineschen Haus zu Stroossen gefollegt. Si konnten dem Yura Skobel 10 Heizdecken mat performantem Akku iwwerreechen.

D'Sue fir de Kaf vun dësen Decken stamen aus dem Erléis vun hirem Second-Hand-Grupp fir de gudden Zweck.

Bedéngt duerch de Stroumausfall a ville Géigenden vun der Ukraine, leide vill Leit ënnert der Keelt.Esou Decken ginn dohir dréngend gebraucht.