SCHECKIWWERREECHUNG Second Hand Grupp ënnerstëtzt d'kriibskrank Kanner

STROOSSEN. Viru kuerzem konnten d'Renée Braun-Schreiber, d'Félicie Kensing-Boentges an d'Michèle Schannes-Gnad der Fondatioun Kriibskrank Kanner, e Scheck an der Héicht vu 600€ iwwerreechen. Dës Zomm ass en Deel vum dësjäregen Erléis aus hirem Second Hand Grupp fir de gudden Zweck, den déi dräi Dammen 2021 an d'Liewe geruff hunn.