Chrëschtconcert vun der Trëntenger Musek

Chreschtconcert vun der Trentenger Musek, zesummen mat der Chorale Lidderfrenn Monnerech.

Viru Kuerzem hat d'Trëntenger Musek hiren traditionelle Chrëschtconcert agelueden. An der gutt gefëllter Trëntenger Kierch, huet d'Musek ënnert der Leedung vun hirer Dirigentin Agnese Nikolovska de Ufank gemaacht. Duerno huet de Chouer Lidderfrënn vu Monnerech ënnert der Leedung vun hirer Dirigentin Nadine Cleman de Publikum mat internationale Melodieë verwinnt. Am 3. Deel hunn déi 2 Veräiner zesummen d'Leit mat flotte Stécker ënnerhalen. De Christian Greisch huet duerch de Programm geleet. Am Kader vum Concert huet d'Musikantin Jasmine Mathias seng Ugda Medail fir 10 Joer, vum President Jean Thurmes an der Buergermeeschter Louis Oberhag iwwerreecht kréit. Well den Entrée war fräi war, konnt jiddereen en Don fir fir d'Fondatioun Lëtzebuerg-El Salavador maachen. Fir Ofzeschléissen huet d'Musek op e Patt selwergemaachten Glühwäin a Stollen agelueden.

Weitere Neuigkeiten von Fernand Hoss >