Musikalesch Weltrees mat der Trëntenger Musek

Ënnert der Leedung vun Dirigentin, Agnese Nikolovska huet Trëntenger Musek viru Kuerzem hire Galaconcert, zu Waldbriedemes am Centre Culturel, gespillt.Viru vollem Sall ass de Publikum mat op eng musikalesch Weltrees geholl ginn. Mat Happy Luxembourg ass vun Lëtzebuerg fortgaang. Duerno goung an déi grouss Welt mat Brasiliana, Russian Gipsy Song, Edelweiss an Czardas. No der Paus goung et weider mat Arabesche Kläng " Arabian Dances", Norwegen "March of the Trolls, Lettland,der Heemecht vun eiser Dirigentin, Durno stoung nach Israel um Programm fir mat Salut à Luxembourg erem doheem unzekommen. Nom Concert sinn vum President Jean Thurmes, dem Här Robert Köller, Generalsekretär vun der Ugda, dem Buergermeeschter Louis Oberhag a Schäffen Thomas Wolter vun der Gemeng Waldbriedemes 1 Musikantin an 2 Musikanten mat Medailen fir fir laangjäreg Tätegkeet ausgezeechent ginn. Fir 10 Joer Yasmine Mathias, déi leider net konnt do sinn, a fir 30 Joer kruten den Alain Mreches an de Marc Krier d'Medailen de Mérite en Vermeil. Déi nächst Manifestatioun vun der Trëntenger Musek ass dat grousst Kiischtefest mat IVV Wanderung ass den 2. Juli zu Trënteng.

Weitere Neuigkeiten von Fernand Hoss >