Don fir Eisleker Heem an Haus Edith Stein

Am Ufank vum Mount Juli hu Massendénger aus der Porgemeinschaft Ëlwen-Wäiswampich den Dammen Nicole Steinfort a Joëlle Graff, Vertriederinne vum Haus Edith Stein vun Eschweiler bei Wolz, sou wéi de Responsabelen Alex Thillens a Paul Renckens vum Foyer Eisleker Heem, jeweils e Chèque an Héicht vun 1500 € kennen iwwerreechen, déi an de respektiven Institutiounen zum droe kommen.

Déi Dammen an Hären hunn op beandrockend Weis de Massendénger d'Missioune vun deenen zwee Foyer erläutert, mat wat fir Schwieregkeeten hir Bewunner konfrontéiert sinn, an wéi se versichen de Läit en normalen Alldag ze ze bidden.

Säit ville Joren trieden d'Massendénger ënnert dem Impuls vun Engagéierten a Mamme fir Mannerbemëttelte vun der Gesellschaft an. Durch Aktiounen op Ouschteren an och an der Adventszäit koumen esou schonn en etlech Suen zesummen, déi si all Joers op en Neits enger karitativer Organisatioun zur Verfügung stellen.