Don fir Ukraine

Wäiswampich

Op Pällemsamschdeg hunn Massendénger aus der Por Ëlwen-Wäiswampich der Madamm Marie-Josée Jacobs, Presidentin vun der Fondatioun Caritas, en Chèque an Héicht vun 1000 € kennen iwwerreechen, deen der Ukraine sollt zegutt kommen. Säit ville Jore trieden Massendénger ënnert dem Impuls vun Engagéierten an Mammen fir Mannerbemëttelten vun der Gesellschaft an, fir hinne bäizestoen. Duerch hier Bastel-Aktiounen op Ouschteren an och an der Adventszäit koumen esou schonn en etlech Suen zesummen, déi si all Joers op en Neits enger karitativer Organisatioun zur Verfügung stellen.