Concert Swingin' Castle vun The Northern Big Band

04
Nov
2023
04 Nov

"The Northern Big Band" invitéiert lech och dëst Joer neess op
e flotten ongezwongenen Owend ënner Frënn bei engem gudde Maufel, engem gudde Patt a natierlech bei flotter Big Band Musek aus den 1930'er bis 1980er Joren.
Dir kënnt Iech och erëm op eis Sängerin Christine Heitz (alias Krick) freeën, mee awer och op e puer flott Stécker mat eisem Gaascht Maxime Bender deen als Saxophonist, wéi och als Komponist bekannt ass.
An deem Sënn freeë mir eis elo schonn alleguer op e schéinen Owend an hoffen Dir hutt vill Spaass bei "Swingin' Castle"
Reservéiert Är Assiette bis de 27. Oktober respektiv Är Sëtzplaze bis den 03. November

um GSM:621 183 629 (no 19h00 uruffen oder WhatsApp) oder per e-mail: contact@nbb.lu