54. Konveniat vun de fréieren Ackerbauschüler Promotioun 1951- 1953


Useldéng: Trei hirer Devise, sech zesummen mat hiren jeweiligen Partner fir den 54. Konveniat op en neis ze treffen, konnten di fréier Ackerbauschüler Promotioun 1951 - 1953, op Aluedung vum Nico Mangen an Gilbert Muller den 9. November e flotten Dag mateneen verbrëngen. Nom Apéritif huet di sympthatisch Gesellschaft sech den deftigen Menü am Restaurant Péitche Lauer zu Useldeng och gut schmaache geloos. An enger flotter Ambiance ass esou muenches aus der demoliger Schoulzäit, dem aktiven a passiven Berufsliewen erzielt gin. Natirlich konnt och jiddereen sech di schéi Fotoen e Berichter vun denen vergaangene Joeren mat vill Interessi bewonneren. Ganz séier sin di puer Stonnen wi am Fluch vergaangen an beim Abschied waren se all averstaanen esou engt Treffen dat nächst Joer ze widderhuelen. (CR) (Foto: Charles Reiser)