Éischt Kommioun fir 13 Kanner aus der Par Atertdall Sainte- Claire


Useldeng: E Sonnden, den 16. Abrël hun 13 Kanner aus 9 verschidde Gemengen, di gréissten Deels der Par Atertdall Sainte- Claire ugehéieren, hir éischt Kommioun an der festlich gerëschter Kierch zu Useldeng empfaangen. De feierlichen Gottesdëngscht huet de Pater Jean- Jacques Flammang zelebréiert an zu senger Säit stong de Paschtouer Mathieu Janssen. Verschéinert gouf d’Mass vum Instrumentenensemble zesummen mam lokalen Gesangveräin ënnert der Leedung um Fernand Even mam Carlo Philippe op der Uergel. Zum Schluss vun der Mass huet de Pater Flammang jidderengem säin spezielle Merci ausgedrëckt, den zu deser impressionnanter éischt- Kommiounfeier beigedroen huet. (CR)(Foto: Charles Reiser)