Eischt Kommioun fir 14 Kanner aus der Par Aterdall Sainte- Claire


Useldeng: E Sonnden, den 7. Abrël hun 14 Kanner aus 4 verschidde Gemengen, di gréissten Deels der Par Atertdall Sainte- Claire ugehéieren, hir éischt Kommioun an der festlich gerëschter Kierch zu Useldeng empfaangen. Am Cortège ugefouert vun de lokalen Pompjeeën an der Useldenger Musik bis zur Kierch huet de Pater Jean- Jacques Flammang de feierlichen Gottesdëngst zelebréiert. Verschéinert gouf d’Mass vum Instrumentenensemble zesummen mam lokalen Gesangveräin ënnert der Leedung um Fernand Even mam Carlo Philippe op der Uergel. D’Kanner sin wärend der Massfeier vun der Kommiounsvirbereedungs Equippe mam Léa Barthelemy an Martine Lallemand begleet gin. Zum Schluss vun der Mass huet de Pater Flammang jidderengem säin spezielle Merci ausgedrëckt, den zu deser impressionnanter éischt- Kommiounfeier beigedroen huet. (CR)(Foto: Charles Reiser)