D'Kanner aus der Veiner Schull bréngen d’Partnerschaft mat Pilsen zum Liewen
um weitere Bilder zu sehen.
Am Kader vun der Städtepartnerschaft tëscht Veianen a Pilsen hate mir d’Freed, déi zweet Buergermeeschtesch vu Pilsen, Lucie Kantarová, zesumme mat enger Delegatioun aus eiser Partnerstad an der Veiner Schull begréissen ze kënnen. Och d’Vertrieder vum Veiner Schäfferot souwéi d’Regionaldirektioun Dikrech, vertrueden duerch den Här Patrick Lepage, waren Deel vun dëser Visite.
Duerch de schoulesche Volet vun der Städtepartnerschaft sollen och d’Schoule vu Veianen a Pilsen méi no zesummekommen an den Austausch tëscht de Kanner an de Schoule gefërdert ginn.
Bei enger Ronn duerch eis verschidde Schoulgebaier a Raimlechkeeten kruten eis Gäscht en Abléck an eise Schoulalldag an an d’Aarbecht mat eise Kanner. Dobäi konnte si déi verschidde Beräicher vun eiser Schoul kenneléieren an sech e Bild dovu maachen, wéi mir zu Veianen zesumme léieren a schaffen.
An der Klass vum Nathalie Conzemius (C2.2) konnten d’Gäscht och selwer bei flotten Atelieren aktiv ginn an zesumme mat de Kanner traditionell Veiner Sehenswierdegkeeten op eng kreativ Aart a Weis nobauen.
Och eis Kanner aus dem Cycle 1 haten sech zesumme mat hire Joffere vill Méi ginn. Si hunn d’Gäscht mat selwer gemolte Lëtzebuerger Fändelen begréisst an esou fir e faarwegen a flotte Empfang gesuergt.
D’Kanner aus dem C4, begleet vum Lee Hoffmann, hunn e Lidd mat Boomwhackers presentéiert. Donieft stoungen e gemeinsamt Lidd, dat vun all de Schoulkanner gesonge gouf, an en Danz vum C4.2, der Klass vum Tamara Guimarães, um Programm.
D’Begeeschterung vun de Kanner an de flotte Kontakt mat eise Gäscht hunn dëse Moment zu engem ganz besonneschen Erliefnis gemaach.
Zum Ofschloss huet d’Klass vum Sandra Schmeler (C3.2) der Delegatioun e selwer gestaltent Bild iwwerreecht. Mat ville faarwegen Elementer aus Veianen a senge Traditioune soll et als Erënnerung un dës flott Begéinung an un d’Frëndschaft tëscht Veianen a Pilsen mat op de Wee goen.
E grousse Merci un all d’Kanner an d’Léierpersonal, déi mat vill Engagement zu dësem gelongene Besuch bäigedroen hunn!
Text: Philippe Herman Fotoen: Bears & Holes (Sol Poncelet)