Faarweg Ouschterfreed an der Veiner Gemeng
um weitere Bilder zu sehen.
Am Kader vun enger flotter Ouschteraktioun hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 1 bis Cycle 4 aus der Veiner Grondschoul (Regionaldirektioun Dikrech) hirer Fantasie fräie Laf gelooss. Mat vill Kreativitéit, Faarf an Engagement si grouss, fantasievoll an ofwiesslungsräich Ouschtereeër entstanen, déi elo op verschiddene Plazen an der Gemeng Veianen ze bewonneren sinn.
Dëse Projet, deen a enker Zesummenaarbecht mat der Veiner Gemeng ëmgesat gouf, huet de Kanner eng schéi Geleeënheet gebueden, hir Kreativitéit auszedrécken an sech op eng spilleresch Aart a Weis un der Gestaltung vum ëffentleche Raum ze bedeelegen. All Ee ass eenzegaarteg a spigelt d’Iddien, d’Freed an d’Faarwewelt vun de Kanner erëm.
Déi faarweg Konschtwierker droen dozou bäi, d’Stadbild vum charmanten Touristestiedchen un der Our nach méi attraktiv a lieweg ze gestalten. Awunnerinnen, Awunner a Visiteuren si häerzlech invitéiert, dës besonnesch Ouschterdekoratioun bei engem Tour duerch Veianen ze entdecken.
Eng flott Initiativ, déi Fréijoersstëmmung verbreet an d’Kreativitéit vun de Kanner aus der Veiner Schull an de Mëttelpunkt stellt.
(Text: Philippe Herman / Fotoen: Commune de Vianden)