De Kulturminister Eric Thill zu Besuch an der Veiner Konstgalerie

Foto 1 (Haaptbild) vlnr: Francis Weyrich, Ania Polfer, Marie-Josée Kerschen, Robi Gottlieb-Cahen, Eric Thill, Zaïga Baiza, Rob Emeringer.


Veianen 26.7.25 Leschte Samschdeg war de Kulturminister Eric Thill op Besuch an der Konstgalerie zu Veianen, an hat dunn och direkt d'Geleeënheet, mat denen zwee Kënschtler, déi aktuell do ausstellen, d'Zaïga Baiza an de Robi Gottlieb-Cahen, an d'Gespréich ze kommen an sech vun hinnen hier Konscht erklären ze loossen. Den Här Minister huet denen zwee Kënschtler ganz intensiv an interesseiert nogelauschtert an huet sech iwert de Programm vun Viart informéiert.

Empfang gouff de Kulturminister vum Buergermeeschter Francis Weyrich souwéi vun der Presidentin vu ViArt, dem Marie-Josée Kerschen, an dem Ania Polfer, Vizepresidentin.


De But vu ViArt asbl ass et, d'Konscht ze promouvéieren, zu Veianen, awer och ganz allgemeng. ViArt geréiert déi Veiner Konstgalerie vu Mäerz bis November, organiséiert awer och de KonschTour op Päischten an d'Biennale fir Konschtstudenten a jonk Kënschtler.

Ursprünglech een ale Schapp, gouf dat historëscht Gebai vun der Veiner Gemeng 2017 restauréiert an zur Gemengegalerie ëmgebaut. Säit deem organiséiert ViArt hei tëschent 6 an 8 Ausstellungen d'Joer. D'Ausstellungen daueren an der Reegel dräi Wochen a weisen zwee bis 4 Kënschtler pro Ausstellung. D'Veiner Konstgalerie ass awer och de Mëttelpunkt vum KonschTour. Als Biennale organiséiert ViArt hei eng Ausstellung mat jonke Kënschtler an eng Kënschtlerresidenz am Joer duerno. Am Wanter, vu November bis Mäerz fannen Ausstellungen ausserhalb vun der Organisatioun vu ViArt statt, ënner anerem déi traditionell Ausstellung vum Veiner Photoclub am Dezember.

Wien interesséiert ass, wat fir dëst Joer bei ViArt um Programm steet, kann dat ob der Websäit, www.viart.lu , nokucken.


Fotoen: Gutz, ViArt asbl