Josiane Ginter & Rose Antony - Vivre la solidAR(T)ité

Konschtausstellung an der Veiner Konstgalerie

Veianen Vum 29. Mäerz bis 19. Abrëll 2026 stellen déi zwou lëtzebuergesch Kënschtlerinnen Josiane Ginter a Rose Antony gemeinsam an der Veiner Konstgalerie aus.

D'Eröffnung vun der Ausstellung um Sonndeg, 29.3., gouff begleed vun der flotter Musiksperformance vum Lenny Ramon.


Déi budemstänneg Fra

Dëse Sujet ass wichteg fir d'Josiane Ginter, et verkierpert fir Sie Werter wéi Authentizitéit, Integritéit a Realismus. Sie gesäit erdverbonne Fraen als Virbiller déi hieren eegene Wee ginn a fillt sech inspiréiert duerch weiblech Kraft an Eleganz me och duerch hieren Engagement fir Famill an d'Gemeinschaft.

D'Symbolik vun enger Fra mat grousse Féiss, groussen Hänn a laange Been spiggelt an der Konscht vum Josian Ginter Kraft, Stabilitéit an eng Verbindung mat der Erd, engem Gefill vu Verwuerzelung, erëm. D'Kënschtlerin, geléiert Landschaftsgäertnerin a Floristin, huet Konscht un der Europäescher Konschtakademie zu Tréier studéiert. Haut stellt sie groussformateg Druckgrafiken (Holzschnëtt)) an enger ehemoleger Kierch zu Malberg an Däitschland hier, fir klenger Projeten huet sie een Atelier bei der AAPL um Verluerekascht gelount. Niewend den Druckgrafiken stellt sie awer och hier Druckstöcke aus. Niewend dem Drock beschäftegt sie sech mat japaneschen Keramiktechniken wéi Pitfire, Raku an Nerikomi.


Bësch, Natur a Séil

D'Konscht vum Rose Antony baséiert sech op Naturelementer. Déi Serie déi Sie an hierer aktueller Ausstellung zu Veiane presentéiert ass während der Pandemie entstanen an dréckt der Kënschtlerin hiert Bedürfnis aus, der ëmmer méi grousser Macht déi den Internet op eist Liewen huet eppes entgéintzesetzen. Fir Sie léist d'Onlinekommunikatioun Ängschten an Onsécherheet bei de Mënschen aus a réckt den Zesummenhalt tëscht de Menschen an den Hannergrond. Mat hierer Konscht wëll sie Kraft, Secherheet a Rouh vermëttelen an de Betruechter anlueden, seng Emotiounen erëm ze entdecken.

D'Wierker vum Rose Antony sin offe Landschafte vun der Séil, Plaze fir ze Verweilen a Loft ze huelen. D'Natur ass hei souwuel een eegent Motiv wéi och ee Spiggel.

D'Kënschtlerin schafft mat Acrylfaarwen, deelweis an engem Mix mat Stëfter, Tusch a Lehm. Obwuel sie laang Zäit als technesch-medizinnësch Assistentin geschafft huet war d'Rose Antony ëmmer kënschtleresch aktiv. Wéi d'Josiane Ginter och huet sie zu Tréier un der Europäescher Konschtakademie studéiet. Sie ass Bomi vun zwee enkelen a schafft an hierem Atelier zu Gonnereng. Säit 2008 stellt d'Kënschtlerin regelméisseg zu Lëtzebuerg an am noen Ausland aus.


Eckdaten zur Ausstellung

D'Ausstellung vum Josiane Ginter a Rose Antony zu Veianen ass nach ze gesinn bis de 19. Abrëll 2026.

Adress: Veiner Konstgalerie, 6 Impasse Léon Roger L-9420 Vianden

Finissage: 19.4.2026 14:00 - 18:00 Auer

Öffnungszäiten: 1.4. – 19.4.26, Mëttwoch bis Sonndeg 14:00 – 18:00 Auer

Kontakt: viart@viart.lu Tel 621 520 43


Méi iwwert d'Kënschtlerinnen

Josiane Ginter: www.artistinderkirche.com

Rose Antony: www.evbk.eu/antony-rose/



Fotoen: Gutz, (c) ViArt asbl