SCHECKIWERRÄCHUNG vuan de FRAEN A MAMMEN YOLANDE, VEINEN

Di Veiner Fraen a Mammen Yolande rächen d'Hand.


"Aarem Leit an Obdachloser sinn och Leit mat Gefiller, déi e Recht hunn op e mënschewierdigt Liewen an eiser Gesellschaft" steet om Internet Site vun de Stroossenenglen.


Hautzdaags brouch et net vill fir an Ormout ze falen udder sugor Alles ze verléieren. Ze klä Renten, Krankhät, Chômage, Verlost vuam Partner, Trennung, Alänerzéier... alles Grënn, unendlich vill Grënn, fir op der Strooss ze landen.


Fir d'zwäte Kéier dëst Joer, rächen di Veiner Fraen a Mammen mat hirer Prësidentin Lyette Spinelli d'Hand fir, besonnisch elo an der Chrëstzéit, e bësse Liicht ze spenden.


Mat em Scheck vua 4.000 Euros, dän si, als Optakt vuan der Adventsfeier, dem Luc Lauer vuan der asbl Stroossenenglen iwerrächen, wëllen si den Alldag vuan dänen e bëssen erliichteren a beréicheren, dänen hiert Liäwen kän Zockerschlecken ass.


Béim Don handelt et sech ëm den Erlis vuam Verkaf vuan Adventsarrangementer, déi a wochelaanger Uarbicht vua Veréinsmembere gebastelt gufen a vuan Home-made Kéichelcher a gebitzte Pëschelcher a Poschen.


Gaby