Chrëschtfeier bei de Seniore Frënn Viichten


Éierung vun de Jubilaren

Viichten: Wéi dat sech bei de Seniore Frënn Viichten zënter laange Joeren schon zur Traditioun gehéiert, konnten d‘Memberen vum Viichtener Senioreveräin e puer Deeg viru Chrëschtdag e puer flott Momenter mateeneen verbrëngen. Nom Apéritif huet jidderreen sech de gudde Menü och gut schmaache geloos. Am Verlaaf vun deser schéiner Chrëschtfeier war et fir d’Presidentin Triny Mathgen eng besonnesch Freed fir allen Senioren schéi Chrëschtdeeg an Alles Guddes fir dat neit Joer bei gudder Gesondheet ze wënschen. Mat enger klenger Unerkennung si folgend Jubilaren zu hirem Gebuerstdag geéiert gin: Fir 75 Joer: Alfred Weisgerber. Fir 80 Joer: Triny Matghen, Margot Poulles- Maillet an Francine Schmit Brucher. Sëcherlich zefridden konnten d’Senioren vu Viichten no e puer onvergiesslicher Stonnen a gudder Ambiance, e klenge Kado fir Chrëschtdaag mat Heem huelen. (CR) (Foto: Charles Reiser)