Eierungen bei de Seniorefrënn


Viichten: Genau eng Woch virum schéine Fest vun der Geburt Jesu, huet de Comité vun de Seniorefrënn Vichten der Traditioun entspriechend, hir Memberen op d’Chrëschtfeier an de Festsaal agelueden. Noodeems dat jidderengem de Festmenü gut geschmaart hat, koum et, esou wi schon di Joeren virdrun zur Éierung vun de Jubilaren, déi am Laaf vum Joer 2021 Geburtsdag feiere konnten. No de Gléckwënsch vun der Presidentin Triny Pletschette sin zesummen mam Kleeschen an Housëcker folgend Memberen vum Senioreveräin mat engem Cado geéiert gin: Maggy Leider- Arendt (70 Joer); Madelaine Kemmer, Frank Loomans, Annette Philippe- Berchem an Armand Wilmes (75). Och e Cado fir den 90.Geburtsdag gouf et fir d’Suzanne Porcher-Kirtz. Folgend Jubilaren déi deser Feier nit konnten bäiwunnen ass och gratuléiert gin: Charles Neises an Claude Rodenbrod (70); Robert Jacoby, Camille Philippe-Berchem an Tilly Scheuren (80); Léonie Kieffer (85) a Julie Wohl (90). Als Afschloss vun deser schéiner Chrëschtfeier huet d’Presidentin mat hirem Comité jiderrengem Alles Guddes gewënscht mat der Hoffnung sech nees am Joer 2022 gesond a monter erëm ze gesin. (CR) (Foto: Charles Reiser)