Fetten Donneschden zu Viichten um Bierg

Säit Joerzéngte liewen déi Viichter Kanner eng al lëtzebuergesch Traditioun, si ginn op Fetten Donneschden an d’Haiser heeschen. D’Kanner zéien dobäi verkleet vun Haus zu Haus a sange fir eppes Séisses oder e puer Cent ze heeschen. Beméit dëse Brauch oprecht ze erhalen, hunn d’Elteren aus de Stroossen Uelechbierg, op Baerig a Schandelerstrooss dëse Mëtteg fir hir Kanner organiséiert. Als Ofschloss krut all Kand beim Claire doheem eng Wafel an e waarme Schocki zum Beschten.

Fräns Siebenaler