Grouss Botz zu Viichten

Och dëst Joer hat d'Gemeng Viichten nees all Bierger a Membere vun de Veräiner agelueden un der Fréijoersbotz laanscht d'Feld- a Spadséierwee mat ze maachen.

Bei onerwaart guddem Wieder hunn sech nawell vill Leit mat Kanner an Hënn op de Wee gemaach fir muttwëlleg an der Natur entsuergten Offall anzesammelen. Och wann net terribel vill fonnt gouf, wat jo gutt ass, war d'Aktioun fir jiddereen eng flott Geleeënheet op engem schéine Spadséierwee mat gläich gesënnte Gemengebierger ze diskutéieren.

Duerno hat d'Gemeng all déi, déi matgehollef hunn op e Patt mat Gegrills invitéiert.

Fräns Siebenaler