Generalversammlung vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn

Och an Zäite vu Corona ass et gewënscht, datt d’Veräiner eng Generalversammlung ofhalen, fir hir Memberen iwwert dat vergaangent Joer ze informéieren. Sou haten d’Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn viru Joresenn an hiert Veräinslokal, déi Viichter Schmëdd invitéiert, fir de Bilan vun 2020 ze maachen.

No der Begréissung an de Mercie vum President, Romain Jacoby an no deenen übleche Rapporte vu Sekretär, Keessier a Keessekontrolleur, huet de President verschidden Iddeeë virgedroen, wat e kënnt am nächste Joer realiséieren. Aus sanitäre Grënn wäert och 2022 nach keng Journée de l’Histoire Locale an och keen Ausfluch méiglech sinn. Et kënnt een awer den 20. Anniversaire vum Veräi bësse feieren, e Film aus dem Joer 1939 weisen, dee mir zur Verfügung hunn oder Recherchen iwwert d’Flouernimm vu Viichten a Mäerzeg maachen. D’Prospektioun, d‘Recherchen an d’Archivéiere vun historeschem Material aus der Géigend steet souwisou ëmmer um Programm vun den Aktivitéiten. Ausserdeem wäert de Veräin am Zenter vun Télévie zu Mäerzeg mathëllefen.

No dësem kuerzen Ausbléck op 2022, hunn d’Buergermeeschtere vu Viichten, de Luc Recken, a vu Mäerzeg, de Mike Poiré, dem Veräin Merci fir seng wäertvoll Aarbecht gesot a verschidden Zukunftspläng erläutert.

Wat awer vläicht den Highlight vun dëser Versammlung war, dat war d’Verdeele vun der neier Broschür, dem Viichter Geschichtsfrënd No 19. Op 120 Säite kann e gutt recherchéiert Artikele liesen iwwert d’Préhistoire (François Valotteau), iwwert réimesch Mënzen (Karsten Kuepper), iwwert d’Réimersteng am Viichter Kierchtuerm (Jean Krier), iwwert den archelogesche Grupp vum Dikrecher Lycée classique (Jeannot Kettel), iwwert déi Useldenger Parkierch (Alex Langini), iwwert dem August Macke säin Openthalt zu Mäerzeg (Claude Staudt an Tessy Troes) an iwwert de Scheierbësch (Stephie Reichert). Dës weidere gesäit een al an nei Fotoe vun Haiser a Schoulkanner vu Viichten a Méchelbuch, Berichter aus alen Zeitungen iwwert d’Bränn zu Mäerzeg an eng Sammlung vu Béierjetonen aus de Caféë vun Useldeng an Ëmgéigend. An zum Schluss stellt sech den neie Veräin Les Amis du prieuré d’Useldange vir an et kann een d‘Rapporten iwwert d’Joer 2020 liesen.

Dir kënnt dës Broschür bestellen, andeems Dir 18,00 € (+ 3,50 € Porto, wa se muss geschéckt ginn) op de Kont CCRALULL LU03 0090 0000 7423 4436 vun de Viichter Geschichtsfrënn iwwerweist mam Vermierk Broschür No 19.

Weitere Neuigkeiten von Marie-Anne Goethals >