Am Fréijoer haten déi Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn, zesumme mat Les Amis du Prieuré d’Useldange op déi 11. Oplo vun der Journée de l’Histoire locale invitéiert. Ronn 30 Aussteller haten sech ugemellt an doduerch konnte vill Visiteuren een Abléck an d’Aarbecht vun engagéierte Leit am Déngscht vun der Geschicht kréien. Sou een Dag bréngt Lokalhistoriker, Auteuren, Fuerscher, Editeuren, Veräiner, Genealogen, Muséeën, Sammler a Verkeefer vu Luxemburgensia, Vieux Papiers, Mënzen, Timberen, Postkaarten a raren, ale lëtzebuerger Artikelen zesummen. D’Organisateure waren houfereg, datt och de Kulturminister Eric Thill de Wee op Viichten fonnt hat, fir sech iwwert d’Lokalgeschicht an all hir Facetten ze informéieren.
Am Nomëtteg konnten 3 Konferenze vill Interesséierter begeeschteren: De Jean Krier huet äis matgeholl op d’Stroosse vun de Réimer, den André Bauler huet sengem Papp säi Buch iwwert d’Erliefnesser vun engem Kand am Krich virgestallt an den Erny Kohn huet de Film Lager 103 – de Feind am Duerf gewisen a kommentéiert.
De Sënn an den Zweck vun esou enge Journée ass et, de Bierger hiren Interessi un der Lokalgeschicht ze verstäerken, de Lokalhistoriker eng Plattform fir den Austausch ze bidden, de Kontakt tëschent de lëtzebuerger Geschichtsveräiner ze fuerderen an domat d’Identitéit an d’Geschicht vun den eenzelne Gemenge lieweg ze halen.